Wat sin eis Waffe géint deen onsiichtbare Krich deen hannert de Mauere stattfënnt?

Nom Erfolleg vun der Petitioun 3409 vun der Associatioun La Voix des Survivant(e)s iwwer hire „Virschlag vu Reforme fir d’Bekämpfung vu geschlechtsbaséierter Gewalt an hiren Impakt op d’Kanner déi Co-Victimme sin“, huet e Mëttwoch, 2. Juli 2025, d‘ëffentlech Debatt vun dëser Petitioun an der Chambre des Députés stattfonnt a Präsenz vun der Justizministesch Elisabeth Margue a vun der Ministerin fir Geschlechtergläichheet an Diversitéit Yuriko Backes.

Bei dëser Geleeënheet huet d’Presidentin vun der Associatioun Ana Pinto eng ergräifend Ried gehalen déi mir hei weidergin:

Mesdames Ministeren, Här President vun der Chamber, Léif Deputéiert, Léif alleguerten déi hei present sinn oder déi eis online suivéieren,

Ech sinn haut hei, als Grënnerin a Presidentin vun der Associatioun La Voix des Survivant(e)s, begleet vun de Membere vum Groupe Justice, déi un eiser Propositioun vu Reforme wärend mei wéi anerhalleft Joer geschafft hunn.

Mir sin hei virun iech fir all déi, déi net méi schwätze kënnen. Fir déi, deenen hiert Liewe geklaut a gebrach gouf. Fir d’Kanner, déi mat der Angscht an den Aen opgewuess sinn, erdréckt vum Gewiicht vum Schweigen. Wéi vill Mënsche, wärend mir hei schwätzen, sëtzen an engem Zëmmer, eleng, ouni Hoffnung, ouni Hëllef?

Mir schwätzen hei net méi vu Statistiken. Mir schwätzen vu Wourechten, dei wéi din. Vu Kanner, déi net méi spillen. Vu Fraen déi net méi liewen. Vu Männer déi duerch Schimmt a Gewalt zerbrach sin.  Vu ganze Familljen déi zesummefalen, well d’Gesetz ze lues ass, d’Justiz ze kal, a mir all d’Aen leider ze off zoumachen

Am November 2023 si mir vun Esch op Ettelbréck zu Fouss marschéiert, fir d‘ Schweige ronderëm sexuell, sexistesch, physesch a psychesch Gewalt ze briechen. Fraen, Männer a Kanner hun eis op der Strooss begleet. Si hu vun hire Geschichten, Hoffnungen, Iddien, awer och vun hirer Verzweiflung, hirer Determinatioun erzielt. All dës Stëmmen, an déi, déi mir zënter hier gesammelt hunn, hunn eis d’Kraaft ginn, eis ze mobiliséiere fir iwwer Léisungen nozedenken. 

Mir hu 57 Propositioune vu Reforme geschriwwen. Mir hun näischt erfonnt, mir hunn akribesch d‘Gesetzer vun anere Länner analyséiert, an déi erausgepickt déi e bessere Schutz offréieren. 

Eist Zil ass einfach: d’Verdeedegung vun der Dignitéit vun all de Leit, déi mat Gewalt konfrontéiert sinn. Egal wat hire Genre, hiren Alter, hir Hierkonft oder hire soziale Status ass. 

Well e Kand dat haut geschützt gëtt, ass e Mënsch, dee muer heele kann. Well eng Fra, déi haut gerett gëtt, ass eng Famill, déi muer existéiere kann. Well e staarkt Gesetz haut, mécht dëst Land muer méi sécher.

Déi politesch Responsabel, zesumme mat der Gesellschaft,  mussen de Courage hun, all Typ vu Gewalt ze bekämpfen. 

Eng Mamm huet eis e Bréif uvertraut, deen hirt Meedchen un dée Schüler geschriwwen huet, deen hatt vergewaltegt huet, wéi hat 14 Joer al war. Ech liesen iech just e klengen Ausschnëtt:

 

“Chaque jour, chaque heure, chaque minute ; il n’y a pas une seconde qui passe sans que j’ai l’impression que tu sois là à mes côtés en train de m’agresser encore et encore.

Tu es là, les images me reviennent constamment à chaque fois que je ferme les yeux.

Je vois flou / noir et je revis cette scène encore et encore.

Ma respiration s’accélère jusqu’à ce qu’elle se bloque.

J’ai peur de croiser un homme.

J’ai l’impression qu’ils sont tous comme toi, […]qu’ils vont m’agresser.

Je finis à chaque fois en sanglots, me demandant pourquoi tu as fait ça et pourquoi j’ai été tellement impactée.

Tu m’as simplement gâché ma vie. Je n’arrive plus à profiter de quoi que ce soit, je suis constamment angoissée et j’ai un blocage.

Si seulement j’étais la seule touchée par cette histoire mais ce n’est pas le cas. En faisant ce que tu as fait, tu as fait énormément de mal à ma famille, mes amis, mon entourage. […] Ils ont peur et peut-être même pitié.

Se dire qu’on pourrait tout arrêter…que tu pourrais disparaître à jamais. »

 

D’Eloïse huet sengem Liewen en Enn gemaach, an dat  mat 17 Joer! Seng Mamm an seng Schwester sinn haut hei uewen op der Tribune. Mir wëllen hinne fir hiert Vertrauen an hire Courage, dat mat eis ze deelen, merci soen. Déi lescht Wierder vun hirem Meedchen bezeie seng Verzweiflung, esou wéi déi vun esou villen aneren Affer. Dei sougenannte suicides forcés gin et masseg, mee sie gin net als solch unerkannt. 

Zu Lëtzebuerg ginn all Joer vill Fäll vu Mëssbrauch géint Kanner gemellt. Mee wat ass mat all deenen, déi net schwätzen? Fir d’Ausmooss vun der Plo ze verstoe fuerdere mir d’Uschafung zu Lëtzebuerg vun enger onofhängeger Commissioun iwwer Inzest a sexuell Gewalt géint Kanner, wéi d‘CIIVISE a Frankräich.

All Dag, hei an eisem Land, liewe Fraen, Kanner, Männer an der Angscht an schummen sech fir eppes wat net hier Schold ass. Net op der anerer Säit vum Planéit, net an enger wäiter Realitéit… 20% vun de Fraen erliewen bei eis Gewalt am Laf vun hirem Liewen. 17% vun de Männer.

An d’Täter? Wéivill liewen weider fräi, heinsdo ënnert deem selwechten Daach wéi hir Affer? Geschützt duerch ze lues an deier Prozeduren, duerch eng ze schwaach Legislatioun, déi dacks schlecht applizéiert gëtt.

Gewalt bréngt Gewalt: Etüden hunn erausfonnt dass Kanner, déi Gewalt erliewt hunn, wäerte mei spéit an hirem Liewen éischter erem Affer oder Täter vu Gewalt ginn. An dësem Kontext huet eng effizient Justiz eng preventiv Funktioun, déi den Zyklus vun der Gewalt brieche kann.

Léif Ministeren, dir Dammen an dir Hären Deputéiert, dir sidd d’Vertrieder vun der Natioun, d’Garante vun eisen fundamentale Rechter. Mee…….

Wéi ass et hei am Land ?

D’Sozialservicer vun der Justiz setzen e Meedchen vun 10 Joer an d‘ Verantwortung, säi Papp, deen Inzest begaangen huet, an d’Untersuchungshaft ze schécken oder net;

e Vergewalteger vu 4 klenge Meedercher gëtt zu 8 Joer Prisong MAT Integralem SURSIS verurteelt;

een Drëttel vun de Plainte vun häuslecher Gewalt gi sans Suite klasséiert;

Mediatioune ginn nach ëmmer am Fall vun intrafamiliärer Gewalt ugeuerdent, och wann dat duerch d’Istanbuler Konventioun verbueden ass;

en gewalttätegen Elterendeel kann d’Suergerecht fir säi Kand behalen an deen aneren Elterendeel an d’Kand weider terroriséieren

d’Affer mussen tëschent der Justiz an hirem finanziellen Iwwerliewe wielen;

d’Wuert vun den Affer, och vu Kanner, gëtt dacks net gegleeft;

d’Affer vun harcèlement an den Entreprisen gi meeschtens zum Schweigen bruecht andeems si den Service musse changéieren, erausgehäit oder gemobbt ginn.

An Europa féiert nëmmen 1 Vergewaltegung vun 100 zu enger Verurteelung

Ech liesen iech hei d‘Wierder vun der däitscher Justizministesch Dr. Stephanie Hubig:

„Wer seine Partnerin schlägt, muss damit rechnen, dass er sein Kind nicht mehr sehen darf. Oder nur im Beisein einer Begleitperson.“ 

Hei am Land kritt de gewalttätegen Partner ëmmer nach en Droit de Visite et d’Hébergement, am Numm vum sougenannten Intérêt Supérieur vum Kand. Wann de schützenden Elterendeel probéiert säi Kand ze schützen, gëtt direkt vun Aliénation Parentale geschwaat, eng falsch Théorie, an et gëtt mam Placement vum Kand gedreet. Also gëtt geschwiegen. 

Mee ass dat wierklech am Intérêt vum Kand? 

All Affer huet dat fundamentalt Recht geschützt ze ginn. Dir hutt d’Muecht fir ze handelen. 

Mee huet Lëtzebuerg d’Moyenen dofir, sot dir mir elo ? Mir hu grad héieren, dass de Budget vun der militärescher Verdeedegung vun eisem Land wäert verduebelt ginn, an 5% vum Revenu National am Joer 2035 erreechen. 

Mee wat sinn eis „Waffen“ géint den onsichtbare Krich, deen an eisen Haiser, an eisen Entreprisen, an eise Schoulen, an eise Kultusplazen, an eise Sozialservicer stattfënnt…? Dës Gewalt huet e Käschtepunkt. Den Europäeschen Institut fir d’Gläichheet tëschent Fraen a Männer huet d’Käschte vun der häuslecher Gewalt eleng zu Lëtzebuerg op 500 Milliounen Euro am Joer 2021 geschaat. D’Käschte sinn entre-temps sécher vill méi héich, wann een all d’Forme vu Gender-Gewalt berücksichtegt. 

Mir fuerderen eng massiv Oprëschtung a Saache Sensibilisatiouns- a Preventiounscampagnen op allen Niveaue géint Gender-baséiert Gewalt an hiren Impakt op d’Kanner als Co-victime. Awer net nëmme vu Leit déi grouss Unisdiplomer an der Matière hunn, natierlech as dat och wichteg a gutt, awer och vun deenen dei d’Gewalt um eegene Kierper erliewt hunn. 

 Mir fuerdere legislativ “Instrumenter” a Moyene fir d’Justiz: Mir ruffen zur Schafung vun engem spezialiséierten Tribunal fir Gender-baséiert Gewalt an hiren Impakt op d’Kanner als Co-victimen op, nom spueneschen Modell; et muss ee wëssen dass duerch d’Schafe vun esou engem Geriicht a Spuenien, en Drëttel manner Feminiciden erreecht gouf. 

Mir drängen iech, de Recrutement vu genuch, gutt forméiert a spezialiséiertem Personal ze garantéieren;

Mir froen d’Aféierung vum contrôle coercitif an de code pénal;

Mir froen iech, duerch d’Gesetz un ze erkennen, dass e Kand, dat Zeie vun intrafamiliärer Gewalt ass, och eng Victimm ass. 

Mir fuerderen eng Stäerkung vum Centre National des Victimes de Violence, deen déi héchst Schutzstandarden ubitt, esou wéi et an eiser Propositioun drasteet.

Eis Gesellschaft brauch eng Justiz, déi den Affer erlaabt, sech erem opzebauen. Dir hutt d’Muecht, hinnen hir Dignitéit zréckzeginn. 

Wann net dir, wien dann? 

Wann net elo, wéini dann? 

Eis 57 Propositioune sinn e Wee, fir dat z’erreechen. Dofir froen mir iech haut e konkreten Engagement: EIS Propositiounen als Aarbechtsbasis an är parlamentaresch Commissiounen ze droen, fir d’Reforme ze stëmmen; 

Schon elo en Datum fir hir dréngend Adoptioun unzekënnegen. Et ass méi wéi Zäit. D’europäesch Direktiv iwwer de Kampf géint Gewalt géint Fraen an häuslech Gewalt setzt iech en Ultimatum bis Juni 2027.

D’Affer mussen offiziell als Experten an dëse Prozess abezuginn. D’Associatioun La Voix des Survivant(e)s ass prett, d’Aarbecht un ärer Säit weiderzeféieren. Wei ass et mat iech? 

SCHLUSSWIERDER

Mesdames Ministeren, Léif Députéiert,

Mir wëllen hei net erausgoe wéi ëmmer, mat engem Merci an engem “handshake”. Neen – net dës Kéier. Mir wëllen hei erausgoe mat engem klore Plang, engem Kalenner, mat Deputéierten déi eis Propositioune virun deene betraffene Commissiounen verdeedegen! Kuckt net ewech. Eis proposition de réformes un där mir anerhalleft Joer geschafft hunn, soll net an engem Tirang verschwannen. Mir bieden iech, huelt Eis mat an d‘Boot.  Well d’Verzweiflung, d’Tréinen a gebrache Liewensweeër déi mir hei vertrieden, si méi ewéi konkret. Hir Stëmme jäizen net mei – si bludden.

(D’Aussoe gi vu Membere vun der Justizgrupp virgelies)

“Je m’en suis voulue à mort d’avoir retiré ma première plainte après son attaque au couteau. Car c’est devenu encore pire après. J’ai refait une plainte car il n’arrêtait pas de me suivre, de m’envoyer des messages, de se poster devant chez moi, d’escalader mes clôtures pour venir m’espionner la nuit. Les preuves étaient sur tous les messages que j’ai donnés à la police. Il a été appelé et entendu. Évidemment, il a nié. Malgré les photos et les messages. Plainte classée sans suite.” 

“J’ai eu le courage de dénoncer une personne puissante et je me trouve, six ans après ma première plainte, encore en phase d’instruction: classement sans suite rapide, ordonnances d’irrecevabilité, 45 heures d’interrogatoires et auditions (toutes procédures confondues), expertise psychiatrique, impossibilité de me constituer partie civile pour pouvoir témoigner, poursuivie pour avoir parlé à la presse, poursuivie en diffamation, dans deux pays. Plus de 300.000 euros de dommages matériels, dont plus de 130.000 euros de frais d’assistance juridique et technique, 10 ans de vie détruite. La sensation que je reste victime de cette personne avec la complicité des pouvoirs publics.”

“Parfois, je me demande s’il était plus facile d’être violée et battue que de dénoncer ma situation. Une assistante sociale du parquet luxembourgeois m’a convoquée.  Quand je lui ai dit qu’il m’avait violée, elle s’est mise à rire. Elle a dit “désolée, je sais que ce n’est pas drôle” et elle a continué à rire de tout ce que je disais. La peur de ne pas être crue reste là. Pour se sentir “survivant”, on a besoin d’être cru, d’être reconnu comme victime. » 

 « L’enfant est un jouet, une marionnette, un trophée… J’ai tellement à raconter sur les méthodes du SCAS, du JAF et de la jeunesse. C’est épouvantable ce qui se passe et comment les rapports sont rédigés. Les enfants n’ont plus de droits. »

“Mes enfants ont été placés à cause d’un rapport faussé du SCAS et je ne peux rien faire. Je suis au fond du trou, je ne trouve plus de sortie. Pour être sincère, j’aurais besoin de tout. D’un miracle surtout. »

“2024. Elle avait à peine 4 ans. Elle a dit à sa maman que sa Joffer avait mis ses doigts dans ses parties intimes. Que c’est pour ça qu’elle avait mal. Sa mère l’a crue. Mais à l’audition, le policier a remis la parole de la petite en question. Il  ne l’a pas crue. Il a dit à sa mère : “Madame, vous lui avez sûrement mis des idées dans la tête en lui demandant si quelqu’un l’avait touchée”.

Mesdames Ministeren, Léif Députéierten,

Dëst si just e puer Temoignagen déi eis Associatioun alleng am Laf vum leschte Joer gesammelt huet.

Haut wëlle mir hei erausgoe mat eppes Konkretem. Sou konkret wéi déi wäiss Särg vu jonke Meedercher, vu Fraen, vu Kanner a Männer – ëmbruecht oder an de Suicide gedriwwen. Sou konkret wéi d’Kriibs-Diagnosen, d’Depressiounen, déi komplex posttraumatesch Stressstéierungen déi mir all Woch gesinn, vun dëse Männer a Fraen déi eis uruffen oder eis schreiwen. Dat sinn direkt Konsequenze vun de Gewalttaten déi dës Leit erlidden hunn. D’Geschlechtbaséiert Gewalt hannerléisst déif Spueren, souwuel kierperlech als och psychologesch, déi sech a Krankheeten an a groussen a laangwierege Problemer manifestéieren.

D’Associatioun LVDS ass prett zesummen mat iech ze schaffen. Zesummen an enger Commissioun, mee sidd dir da gewëllt mat eis dee Wee ze machen?

Macht et net fir Eis, fir dei mecht vun Eis, dei hei setzen, as et ze speit. Macht et fir all dei „Eloise“ dei nach kanner Sinn, dei nach Hoffnung an den Aen hunn, fir all dei Fraen a Männer dei nach un iech gleewen…

Conclusioun:

No der ëffentlecher Debatt hun d’Deputéiert eng Resolutioun gestëmmt:

Den Text „Virschlag vu Reforme fir d’Bekämpfung vu geschlechtsbaséierter Gewalt an hiren Impakt op d’Kanner déi Co-Victimme sin“ gëtt den zoustännege Parlamentskommissioune fir ze iwwerpréiwe virgelucht.

Un document intitulé « Pourquoi le pouvoir judiciaire ne remplit pas sa fonction préventive ou opère une revictimisation secondaire / Sursis, peines insuffisantes, acquittements : exemples de jugements problématiques » a été mis à la disposition des députés et des ministres après le débat public.

Le texte de nos 57 propositions de réforme est disponible ici.

La vidéo du débat public peut être visionnée ici.  

Avant le débat public, une réunion des membres de l’association et des sympathisants a eu lieu devant la Chambre des députés, autour de l’exposition BRISONS LE SILENCE.