Wat sin eis Waffe géint deen onsiichtbare Krich deen hannert de Mauere stattfënnt?
Nom Erfolleg vun der Petitioun 3409 vun der Associatioun La Voix des Survivant(e)s iwwer hire „Virschlag vu Reforme fir d’Bekämpfung vu geschlechtsbaséierter Gewalt an hiren Impakt op d’Kanner déi Co-Victimme sin“, huet e Mëttwoch, 2. Juli 2025, d‘ëffentlech Debatt vun dëser Petitioun an der Chambre des Députés stattfonnt a Präsenz vun der Justizministesch Elisabeth Margue …