A propos

WIE SI MIR?

Eis Associatioun ass am August 2022 gegrënnt gin. Mir sin Iwwerliewender vu sexueller, sexistescher, physescher a psychescher Gewalt an och Sympathisanten, déi eis Initiativ ënnerstëtzen.

EIS ASSOCIATIOUN MOBILISÉIERT SECH FIR:

  • D’Tabuen ze brieche ronderëm sexuell, sexistesch, physesch a psychesch Gewalt.
  • Deenen Affer, déi isoléiert sin, eng Hand ze reechen a si bei Professioneller z’orientéieren.
  • Deenen eng Stëmm ze gin, déi keng hun, andeems mir am legislative Prozess an an den Entscheedungsorganer intervenéieren.
  • Deel ze huelen u Präventiounskampagnen.

EIS REVENDIKATIOUNEN:

  • D’Uwende vun den Empfielunge vum Grevio-Rapport fir d’lëtzebuerger Gesetzgebung oder d’Politik an d’Konformitéit ze setze mat der Istanbuler Konventioun iwwer d’Preventioun an d’Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen a Gewalt am Stot.
  • An der Reform vum Strofgesetz iwwer d’sexuell Verbriechen d’Ofschafe vum Prinzip vum Sursis bei den „Ersttäter“ an eng Verlängerung vun der Verjährungsfrist.
  • D’Aféierung vun enger onofhängeger Kommissioun iwwer den Inzest an d’Gewalt géint d’Kanner, nom Modell vun der CIIVISE am Frankräich, fir eng Bestandsopnam ze maachen iwwer d’Situatioun zu Lëtzebuerg.
  • D’Verstärkung vu Präventiounsaktiounen an de Schoulen an an de Lyceeën.

EISE COMITÉ:

Präsidentin: Ana Pinto

Vizepräsidentin: Marie-laure Rolland

Sekretärin: Annette Michel

Trésorier: Jailza Dos Santos

Aner Member: Liz Mathey