WIE SI MIR?
D’Associatioun ass am August 2022 gegrënnt gin. Si vereent Iwwerliewender vu sexueller, sexistescher, physescher a psychescher Gewalt esou wéi Sympathisanten, déi d’Initiativ ënnerstëtzen.
EIS ASSOCIATION MOBILISÉIERT SECH FIR :
- D’Tabuen ze brieche ronderëm sexuell, sexistesch, physesch a psychesch Gewalt
- Deenen Affer, déi isoléiert sin, eng Hand ze reechen, a si bei Professioneller z’orientéieren
- Deenen eng Stëmm ze gin, déi keng hun, andeems d‘associatioun am legislative Prozess an an den Entscheedungsorganer intervenéiert.
- Deel ze huelen u Präventiounskampagnen.