Lettre ouverte au Formateur du nouveau gouvernement

La présidente de l’association La Voix des Survivant(e)s, Ana Pinto, a remis mardi 24 octobre une lettre rappelant nos revendications à Luc Frieden, Formateur du nouveau gouvernement, avec copie à Claude Wiseler, chef de la délégation du parti CSV et Xavier Bettel, chef de la délégation du parti DP.

Nous la reproduisons ci-dessous.

Här Frieden,

Eis Asbl ass am August 2022 gegrënnt gin. Déi meescht vun eise Membere sin Iwwerliewender vu physescher, psychescher, sexueller oder sexistescher Gewalt a mir wëllen all deene Leit eng Stëmm gin, déi an esou enger Situatioun sin oder waren a si do ënnerstëtze wou si Hëllef brauchen. An eisem Comité sin Iwwerliewender vun allen Sorte Gewalt an duerfir ass et eis méiglech, mat eisen Erfarungen aneren Affer ze hëllefen. Mee fir dat beschtméiglechst kënnen ze maachen, brauche mir d’Hëllef vun de Politiker well et och drëms geet fir um legislative Plang eventuell Ännerungen ze maache fir d’Wuel vun den Affer.

Duerfir biede mir Iech, Iech Zäit ze huele fir eis d’Méiglechkeet ze gin, fir Iech perséinlech eis Asbl virzestellen a mat Iech iwwer eis Revendikatiounen ze diskutéieren.

Eis Revendikatioune sin entre-autres:

– D’Aféierung vun enger onofhänger Kommissioun iwwert den Inzest an d’Gewalt géint Kanner, nom Modell vun der CIIVISE a Frankräich, fir eng Bestandsopnam ze maachen iwwert d’Situatioun zu Lëtzebuerg.

– Verstärkung vun de Gewaltpräventiounsaktiounen an de Schoulen an an de Lycéeën.

– Mir hätte gär e Matsproocherecht an den „instances décisionnelles“ wann et ëm d’Thema vu sexueller, sexistescher, physescher a psychescher Gewalt geet.

– Unerkennung vum Begrëff „Féminicide“ am Strofgesetz.

– Déi obligatoresch Mediatioun am Kader vun häuslescher Gewalt, wou Affer an Täter sech mussen zesummesetzen, muss ofgeschaaft gin laut der „Convention d’Istanbul“, déi Lëtzebuerg 2018 ratifizéiert huet.

– Schafe vun engem spezialiséierten Tribunal fir häuslesch Gewalt, esou wéi de Modell a Spuenien.

– Schafe vun engem „Barnahuis“: eng Plaz wou d‘Affer just eng Kéier en Temoignage muss gin deen opgeholl gëtt an duerno gülteg ass op alle Plazen: Police, Justiz asw.

– Aféierung vun enger Hotline 24/24, 7/7, fir dass d’Affer zu jidder Zäit kënnen uruffen. (Och an der Istanbuler Conventioun virgesin an nach ëmmer net ëmgesat.)

– Schafe vun enger Sort „UMEDO“ fir Jugendlecher.

Kéint Dir eis wgl. e puer Datumer proposéiere well déi meescht aus eisem Comité schaffe gin a mir esou eng besser Méiglechkeet hu fir eis ze organiséieren?

Am Numm vum Comité soe mir Iech am viraus villmols merci a gréissen Iech häerzlechst.

Annette Michels, Sekretärin                                         Ana Pinto, Präsidentin

Annexe: Flyer vun eiser asbl.

Kopië vun dësem Bréif gin un den Här Wiseler, Chef vun der CSV-Delegatioun an un den Här Bettel, Chef vun der DP-Delegatioun.