WIE SI MIR?
Eis Associatioun ass am August 2022 gegrënnt gin. Mir sin Iwwerliewender vu sexueller, sexistescher, physescher a psychescher Gewalt an och Sympathisanten, déi eis Initiativ ënnerstëtzen.
EIS ASSOCIATIOUN MOBILISÉIERT SECH FIR:
- D’Tabuen ze brieche ronderëm sexuell, sexistesch, physesch a psychesch Gewalt.
- Deenen Affer, déi isoléiert sin, eng Hand ze reechen a si bei Professioneller z’orientéieren.
- Deenen eng Stëmm ze gin, déi keng hun, andeems mir am legislative Prozess an an den Entscheedungsorganer intervenéieren.
- Deel ze huelen u Präventiounskampagnen.
EIS REVENDIKATIOUNEN:
- D’Ausschaffe vun eise 57 Reformpropositioune fir géint Gender-baséiert Gewalt ze kämpfen an hiren Afloss op d’Kanner déi Co-Victimme sin.
- D’Aféierung vun enger onofhängeger Kommissioun iwwer den Inzest an d’Gewalt géint d’Kanner, nom Modell vun der CIIVISE am Frankräich, fir eng Bestandsopnam ze maachen iwwer d’Situatioun zu Lëtzebuerg.
- D’Verstärkung vu Präventiounsaktiounen an de Schoulen an an de Lyceeën.
- D’Verstäerkung vun den Aktioune fir Sensibiliséierung op allen Niveaue vun der Gesellschaft.
EISE COMITÉ:
Präsidentin: Ana Pinto ;
Vizepräsidentin: Marie-laure Rolland ;
Sekretärin: Yvette Challe ;
Trésorier: Jailza Dos Santos ;
Aner Member: Annette Michel, Stéphanie Makoumbou.

