Nei: Gespréichsgrupp fir Victimmen

„D’Stëmm vun den Iwwerliewenden“ schafft zesumme mam „Institut Luxembourgeois d’Hypnose Humaniste“ (ILHH) fir all Mount e Gespréichsgrupp ze organiséiere fir d’Membere vun der Associatioun.

Wéini?

Eisen 1. Rendez-vous ass den 22. Juli 2024, vun 18 bis 20 Auer, am Sall vum ILHH, 12, rue Scheen Acht zu Strossen.

Duerno treffe mir eis regelmässeg 1mol am Mount, all 1. Méindeg.

Dës Owender sin op lëtzebuergesch oder op franséisch, je no de Participanten.

Wéi?

Judith Schmit

De Grupp gëtt begleet vun der Madamm Judith Schmit, Directrice vum „Institut Luxembourgeois d’Hypnose Humaniste“, Conférencière, Formatrice an Therapeutin zënter 30 Joer.

Op eng entspaanten Aart a Weis an a Sécherheet erlaabt dëse Gespréichsgrupp all Persounen ze empfänke mat hiren Erliewnisser, hiren Ängschten an hirer Perséinlechkeet. Am Grupp diskutéiere mir iwwer Gefiller, Ängschten, Albdreem an ëmmer zréckkommend Gedanke mat Geräischer, Visiounen, Geschmaach a Geroch.

All dëst gëtt ugeholl an erklärt well eist Gehier, eis Schaltzentral, dat ganz perséinlech ass, huet seng Weeër vu Verständnis a seng Solutioune fir eis ze schützen: Krankheeten, Panikattacken, Allergien……… fir nëmmen déi ze nennen.

D’Owender gin ofgeschloss mat enger Entspanungstrance déi Dir och kënnt doheem maache fir besser anzeschlofen oder fir Iech ze berouege wann et néideg ass.

Op deene verschiddenen Owender wäerten d’Themae variéieren an hun als Zil dass jidderee vun de Participanten eng Äentwert op seng Froe fënnt an d’Stäerkt kann erwächen déi a jidderengem schlummert.

D’humanistesch Hypnos ass eng Method fir Problemer ze léisen duerch eng Technik vu waachem Bewosstsin déi et erlaabt all Moment d’Kontroll iwwer sech ze behalen an am Laf vun der Zäit säi Liewe besser geréieren ze kënnen.

Sech aschreiwen:

D’Reservatioun fir all Gespréichsgrupp gëtt gemaach mat engem Mail un lvds.lux@gmail.com an duerch d’Iwwerweisung vun 10 € mat Payconiq oder mat engem Virement op de Compte vu La Voix des Survivant(e)s :

LU58 1111 7452 5908 0000

mat der Bemierkung «Participation au groupe de paroles» + Datum.

Bei finanzielle Schwieregkeeten oder soss anere Froen, zéckt net eis ze schreiwen op lvds.lux@gmail.com

Fir weider Infoen zur humanistescher Hypnos kuckt op www.ILHH.lu